Friday, April 29, 2016

100komma7.lu: Bangladesh and the consequences of global warming (Original news is in Luxembourgian language)

LIMAWANDELBangladesch an d'Konsequenze vun der Äerderwäermung

Um Weltklimasommet zu Paräis goufe viru Méint Mesuren decidéiert fir de Klimawandel ze begrenzen. D’Konsequenze vun der Äerderwäermung sinn awer net an all Géigend déi selwecht. Europa gehéiert zu deene Regiounen op der Welt, déi nach wéineg betraff sinn. Ganz anescht ass ët am Bangladesch, wou d’ Populatioun schonn haut staark mat denAuswierkungen ze kämpfen huet.
Charlottte Wirthmd
artus.jpg
© Yann Arthus-Bertrand
“De Klimawandel ass amgaang ze kommen, wierklech. Och wa mer elo all géifen ophale Kuelendioxid aus ze stoussen, géif d’Äerd sech nach 50 Joer laang erwiermen”, seet den Yann-Arthus Bertrand. Den Aktivist a Regisseur huet viru kuerzem zu Lëtzebuerg säin Documentaire “Climate change in Bangladesh” virgestallt.
Bangladesch, ee Land, dat haut scho massiv ënnert dem Klimawandel leid.IwwerschwemmungenStierm an Dréchente si just eng Partie vun de Problemer, mat deenend’Leit am Land konfrontéiert sinn. An dobäi stéisst de Bangladesch nëmmen 0,4% vum weltwäiten CO2-Undeel aus.
Dat Südost-asiatescht Land läit am Delta vun den dräi grousse Flëss Ganges, Jamuna-Brahmaputra a Meghna, an ass immens dicht bewunnt. 80% vum Territoire ass potentielltIwwerschwemmungsgebitt, an de Moment géifen d’Gletscheren immens séier schmëlzen, erkläert de Yann Arthus-Bertrand. “D’Waasser kënnt ganz séier am Norde vum Land, während de Süden ënner schwéiere Stierm ze leiden huet”.

“Der Genfer Konventioun no gëllen se net als Réfugiéen

D’Populatioun vum Bangladesch gehéiert zu deenen äermsten op der Welt. 70% vun den Awunner hänke vum Waasser of, sief et duerch d’Fëscherei oder d’Landwirtschaft. Zënter ronn 20 Joer ginn et am Bangladesch vu Joer zu Joer méi Iwwerschwemmungen. Eegroussen Deel vun der Agrarfläch ass dofir net méi ze gebrauchen. Eng Katastrof fird’AwunnerD’Recolte falen aus an d’Bauere plënneren an d’Stied, well se hir Familljen net méi kënnen ernieren. D’Migratioun bannent dem Land ass immens héich, all Dag deplacéieresech 10.000 Mënschen”, seet d’Runa KhanPresidentin vun der ONG Friendship.
D’Regierung vum Bangladesch geet dovunner aus, datt bis 2050 eng 20 Millioune Mënschewéinst dem Klimawandel musse plënneren. “Der Genfer Konventioun no gëllen se awer net als Réfugiéen”, sou den Affekot Marc Elvinger, Member vu Friendship Lëtzebuerg.D’Aussiichte no Verännerunge wieren net gutt. “Mat der aktueller Flüchtlingskris fäert jidderee fir iwwert d’Definitioun vum Refugié am Kader vun der Genfer Konventioun ze diskutéieren. Se géif da méi enk gefaasst ginn. Et ass net de Moment fir driwwer ze diskutéieren”.

“Mir sinn ee klengt Land, hu wéineg Mëttel"

Eng nei Flüchtlingswell wier just eng weider Katastrof. Wat ee bräicht wieren nohaltegLéisungen am Bangladesch. D’Leit kéinte net fir hier Situatioun. Et misst een dofir suergen, datt se net musse fortgoen, sou d'Runa KhanD’Leit missten d’Méiglechkeet kréie sech dem Klimawandel unzepassen. “Mir sinn ee klengt Land, hu wéineg Mëttel, wéineg Suen, mee vill Leit”.
De Klimawandel géif de Moment op zwee Niveauë bekämpft ginn. “Engersäits décidéiereRegierungen, grouss Organisatiounen a Fuerscher wat muss gemaach ginn. Anerersäits kämpfe Mënschen all Dag mat de Konsequenze vun der Äerderwäermung. Hiert Iwwerliewenhänkt dovun of”, sou d’Runa KhanD’Aktivistin rifft “déi Grouss” op, gewëssenhaftDecisiounen ze huelen. Dat Ganzt dierft een awer net nëmmen als Katastrof gesinn, and’Awunner vum Bangladesch just als Affer. “Wa se eng immens Resilienz, Dignitéit a Courage hunn, da gëtt de Wëlle fir z’iwwerliewe vill méi staark.”